zurück zur Titelseite zum Inhalt

Virwuert

D‘Realisatioun vun dësem Mémoire wär ouni d‘Hëllef an d‘Matwiirken vu Leit, déi bereet waren, mech bei menger Aarbecht ze ënnerstëtzen, an där Form an an där Zäit sécher net méiglech gewiescht.

Dofir wëll ech hinnen op dëser Plaz Merci soen. D‘Reienfolg, an där ech d‘Leit nennen, huet näischt mat hirem perséinleche Mérite un dëser Aarbecht ze dinn, d‘Lëscht ass dem Alphabet no zesummegesat.

E ganz spezielle Merci geet u meng Fra Nicole Schuller, well ech ouni seng Léift a wertvoll Ënnerstëtzung weeder de Courage nach d‘Moyenën gehat hätt, dësen zweete Studium ze ënnerhuelen.

E grousse Merci och u meng Mamm Antoinette Walther-Steffen, d‘Lori an de Gast Schuller-Keller, d‘Astrid Schuller, d‘Monique an de Patrick Aubart-Schuller, d‘Joëlle an de Jeff Trzebanski-Walther, den Yves Olinger, de Jaengi Schmitz, de Laurent Thill an all Frënn a Kolleegen fir hir Hëllef a Gedold.

 

Beetebuerg, 14. Mee 2000

Georges Walther

 

zurück zur Titelseite nach oben zum Inhalt